Froen - Kine at Home - Praxis Kinésithérapie Hardy

Aller au contenu
KINEATHOME - Kine à domicile - Cabinet de kinésithérapie Hardy - Dudelange - Icône GSM
Stellt eis Är Froen
+352 24 55 87 87
KINEATHOME - Kine à domicile - Cabinet de kinésithérapie Hardy - Dudelange - Icône Email
Schéckt eis Äre Message
info@kineathome.lu
KINEATHOME - Kine à domicile - Cabinet de kinésithérapie Hardy - Dudelange - Icône Horaire
Auerzäite vum Büro
Méindeg bis Freideg : 09:00 - 18:30
Froen
Fir e Remboursement vun der Krankekeess ze kréien oder vun der Keess vum Secteur public,sollen all d’Certificate fir d’Kinesitherapie vum Dokter verschriwwe sinn (ordonnance médicale).


D’Prozedur vun der Autorisatioun

D’Ordonnance médicale : enthält d’Unzuel vun de Seancen
D’Verschreiwung vum Traitement  besteet aus der Ordonnance vun der Kinésithérapie, déi standardiséiert ass an iwwert d’Zort vum Traitement opkläert, wéi och iwwert d’Unzuel an d’Frequenz vun de Seancen.

Déi maximal Unzuel vun de Seancen, déi en charge geholl ginn an enger Ordonnance,hänke vum Typ vum Traitement of, dat heescht 8 Seancen am Fall vun enger Pathologie courante, 64 am Fall vun enger Pathologie lourde an 32 am Fall vun enger Reeducatioun post-chirurgicale.

D’Pathlogies lourdes sinn definéiert an der Annexe G vun de Statute vun der Gesondheetskeess a sinn och op der Récksäit vun der standardiséierter Ordonnance.

Déi auslännesch Ordonnance mussen all obligatoresch Indikatioune faassen esou wéi et och an de standardiséierten Ordonnancen virgesinn ass. Si mussen op Franséisch, Däitsch oder Englesch verfaasst sinn.Ordonnancen an anere Sproochen ginn net zeréckbehale well se net vun den Servicer vun der CNS kënnen traitéiert ginn.

Validatioun vun der Ordonnance
D’Ordonnance muss vun der CNS validéiert ginn. Normalerweis gëtt den Assuré bei senger éischter Seance d’Ordonnance sengem Kinetherapeut, deen sech dann ëm déi néideg administrativ Demarche këmmert. Wann déi administrativ Conditiounen ausgefëllt sinn, validéiert d’CNS d’Ordonnance, d’Validatioun muss an engem Delai vun 31 Deeg, den Dag vun der Verschreiwung vun der Ordonnace medicale ugefrot ginn.
D’Prise en Chargen
D'Validatioun besteet aus enger Ausliwwerung vun engem Titel, esou  dass d' CNS dat en Charge hëllt.

D’Prise en Charge kläert iwwert eng maximal Zäit vun der Behandlung op wéi och fir d’Unzuel vun de Seancen.

D’Behandlung soll spéistens an deenen drësseg follgenden Deeg  vun der Prise en Charge stattfannen.


Bezuelungsmethoden

System vum Tiers payant
An dësem Fall bezilt den Assuré dem Kinesitherapeut d’Partie vu senger eegener Charge well de Kinetherapeut d’Rechnung um Enn vum Moutn op d’CNS schéckt fir d’Partie vun de Fraisen vun der  Krankeversécherung ze kréien. De Kinesitherapeut gëtt d’Ordonnance fir den Assuré fräi a gëtt him e Mémoire d’honoraires op deem den Deel vu senger Charge an d’Deel vun der CNS kloer ugi sinn.

De System vum tiers payant gët nëmmen ugewannt wann d’Demande vun der Validatioun direkt vum Kinesitherapeut kënnt a wann d’Soine vum Kinetherapeut vum Grand-Duche prestéiert sinn. An Fall wou den Assuré selwer d’Validatioun vun der Ordonnance op der CNS ufreet oder seng Soine vun der Kinesitherapie ausserhalb vum Grand-Duché prestéiert sinn,mussen d’Soine integral bezuelt ginn. Den Deel vun der Charge vun der Gesondheetskees gëtt dann op Nofro rembourséiert.

Notéiert, dass fir d’Frontalieren d’Prise en Charge vun de Soine just vun der Krankekeess  aus hirem Residenzland iwwerholl ginn.






D’Avance vun de Käschte vum Assuré
An dësem Fall gëtt de Kinesitherapeut dem Assuré  um Enn vum Traitement eng Rechnung,déi de Gesamtbetrag deen ze bezuelen ass,dat heescht souwuel säin Deel wéi och den Deel vun der Krankekeess. Nom Paiement freet den Assuré selwer bei der Krankekeess (CNS) de Remboursement un.

Fir vun engem Remboursement vun enger Kinetherapie kënnen ze profitéieren, muss d’Rechnung Folgendes stoen :

  • D’ Matriculesnummer vum Assuré, säin Numm a säi Virnumm an d’Nummer vum Titel muss richteg;
  • acquittéiert sinn;
  • dëst zesummen mat der Ordonnance médicale.

Den Oflaf vun de Seancen
De Kinetherapeut kann d’Dauer vun de Seance an d’Techniken (Massagen , Elektrotherapie..) op d’Besoine an d’Entwécklung Patient ofstëmmen.

Et ginn Qualitéitsnormen déi de Kinesitherapeut respektéiere muss.

Fraise vum Deplacement
D’Fraise vum Deplacement vum Kinesitherapeut kënnen als Forfait unerkannt ginn wann :

  • den Dokter op der Ordonnance schreift,dass et aus medezinesche Grënn néideg ass, dass de Kiné sech heem deplacéiert fir d’Behandlung kënnen duerchzeféieren.
  • En Deplacement ausserhalb vum Land gëtt net en charge geholl.

Sinn dës Conditiounen erfëllt, kann de Forfait vum Deplacement en charge geholl ginn, mam selwechten Taux.

Stellt eis Är Froen
+352 24 55 87 87
Schéckt eis Äre Message
info@kineathome.lu
Auerzäite vum Büro
Méindeg bis Freideg : 09:00 - 18:30
Kiné at Home-Cabinet de Kinesitherapie Hardy- Kine doheem
WIE SI MIR ?
Kiné at Home , dat ass eng passionéiert Ekipp vu Kinesitherapeuten déi personaliséiert kierperlech Readaptatioun doheem an am Süde vum Land an an der Stad ubidden.


E SCHNELLE LINK
EIS SERVICER
BEHANDLUNGSZÄITEN
Méindeg09:00 - 18:30
Dënschdeg
09:00 - 18:30
Mëttwoch
09:00 - 18:30
Donneschdeg
09:00 - 18:30
Freideg
09:00 - 18:30
Retourner au contenu